De Screaming Fields, organiséiert vum Rocklab, ass e Programm dediéiert fir jonke Museker de Start an d'musikalesch Zeen hei am Land z'erméiglechen.

Dir sidd tëscht 12 a 25 Joer al, sidd an enger Band oder Solokënschtler? Egal wéi eng Museksrichtung, ob Pop, Rock, Metal, Electro oder Hip Hop, jidderee ka matmaachen, fir bei dësem spezielle Concours dobäi ze sinn. E Comité aus lokale Promoteur, Experten aus der Lëtzebuerger Musekszeen an dem Departement "Booking" vun der Rockhal, sicht aus all de Participanten 6 Kënschtler eraus, déi dann den 10. Juli op der Bün stoen dierfen.

Konditioune fir matzemaachen: Natierlech fir den Datum am Juli disponibel sinn, et muss een op d'mannst 3 Lidder presentéiere kënnen an e Video vun enger Performance eraschécken.

De Formulaire fir auszefëllen, fënnt een op www.screamingfields.lu.