D'Editioun 2020 hat wéinst der Pandemie mussen ënnerbrach ginn. De Summerprogramm "Bock op... méi intim 2021" geet erëm méi a Richtung Normalitéit.

Dat natierlech nach ëmmer am Respekt mat de Covid-Reegelen. D'Zuel un Open-Air-Concerten um Site vum Kulturzenter neimënster ass nach eng Kéier eropgesat ginn. Vill Musek steet deemno dëse Summer um Programm, awer och eng Rëtsch Treffe mat Kënschtler, déi deen Ament am Gronn a Residenz sinn, Ausstellungen an d'Theaterstéck "Le dernier ogre". E breede Public wäert op seng Käschte kommen.

Mat der Dänzerin a Choreografin Anne-Mareike Hess huet neimënster schonn eng "artiste associée". Duerch d'"Bourse Neistart" kommen der elo nach 4 dobäi. Dës Bourse mécht et de Kënschtler méiglech, an aller Rou verschidde kënschtleresch Praktiken ze erfuerschen an an engems vun enger Carte Blanche fir artistesch Projeten ze profitéieren. De spuenesche Kënschtler Álvaro Marzán wäert sech fir seng Aarbecht vum Abtei-Site respektiv dem Lëtzebuerger Patrimoine inspiréiere loossen. D'Rapperin Nicool deet sech fir e Projet mam Regisseur Dan Tanson zesummen. An de Multi-Instrumentalist Pol Belardi schafft wärend senger Kënschtlerresidenz un enger neier Kompositioun.

Ënnert dem Numm "Forward" gëtt eng Concertsrei presentéiert, bei där fir all Goût eppes dierft dobäi sinn, wou et awer virun allem vill nei Talenter ze entdecke ginn, sou zum Beispill déi hollännesch Kënschtlerin Tessa Douwstra, déi ënnert dem Luwten am Beräich vun der alternativer Indie-Musek ënnerwee ass (9. Juli). D'Band Athletic Progression baut eng Bréck tëscht Jazz an Hip-Hop (13. Juli). D'Sängerin Gaidaa verbënnt Elementer aus dem Soul/Jazz mat RnB (22. Juli).

Am Kader vum "Luxembourg Pride" kréien d'Kënschtler CHAiLD (Electro-Pop), Fabia Maia (Rock, Soul) a Koromoto (Electro) eng Carte Blanche fir de 7. Juli. Freeën däerf ee sech och nach op Optrëtter vum Edsun (10. Juli) an De Läbbel zesumme mam Nicool (20. Juli). Sonndes steet de Summer iwwer moies ëmmer um 11 Auer Jazz um Menü, ugefaange mam Retrospective 5tet & Jambal (27. Juni).

Déi Kleng vu 5 Joer un däerfe sech op de Big Bang Festival vum 3. bis de 4. Juli freeën.

De Programm an allen Detailer fannt Dir hei.