"Net ouni meng Musek" heescht et déi nächst Saison an der Philharmonie. E Freideg goufen déi grouss Linne vum Programm 2021/22 virgestallt.

D´Virfreed op déi nei musikalesch Saison ass grouss, genee wéi och d´Hoffnung, datt erëm alles méi normal leeft. 12 Méint ouni Gaaschtorchester huet d´Philharmonie nämlech hannert sech. Ëmsou méi freeën déi Responsabel ronderëm den Direkter Stephan Gehmacher sech dofir, d´Saison 2021/22 de 4. September mat engem Concert vun de Wiener Philharmoniker ënnert der Leedung vum Herbert Blomstedt ufänken ze kënnen.

Direkt de 16. September steet dann och e Concert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) um Programm, dat mat der Sopranistin Diana Damrau a Wierker vum Anton Webern, Richard Strauss an Igor Strawinsky. Domat fänkt den Dirigent Gustavo Gimeno dann och scho seng 7. Saison an der Philharmonie un. 2021/22 wëll hie sech op franséisch an italieenesch Musek konzentréieren, dëst bei 18 Concerten, dovun 10 zu Lëtzebuerg.

RTL

Den Dirigent Gustavo Gimeno start mam OPL a seng 7. Saison / © Marco Boggreve

Freeën däerf ee sech op eng ganz Rëtsch Highlights. Déi nei gegrënnte Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy gëtt zum Beispill am September lancéiert. International Ensembelen an Orchesteren spille Concerten, dorënner de Choir of St John’s College Cambridge, den Chamber Orchestra of Europe oder de London Symphony Orchestra ënnert der Leedung vun Sir Simon Rattle.

D´Violinistin Isabelle Faust an d´Mezzosopranistin Joyce DiDonato sinn nächst Saison "Artists in residence" a wäerten a verschiddene Concerten, dorënner och engem neie Concertsformat, matwierken.

Déi syresch Sängerin an Oud-Spillerin Waed Bouhassoun ass Gaascht, genau wéi d´Jazzikonen Anthony Braxton an Charles Lloyd. Filmbegeeschterter erwaart eng Rei u "Ciné-Concerts".

Am Mëttelpunkt vum Festival atlântico (9.-16. Oktober 2021) stinn déi lusophon Länner: Aus Brasilien kënnt de Gilberto Gil, aus Lissabon d´Luísa Sobral, an den Ensembel Divino Sospiro reest mat engem portugisesche Barockrepertoire un. No engem Joer Paus ass et och de Retour vum Festival rainy days (12.-21. November 2021). Fir den Optakt wäert do de südafrikanesche Kënschtler William Kentridge dem Kurt Schwitters seng berüümt Ursonat vun 1932 an eng Multimedia-Performance verwandelen. Um Festival Fräiraim (24.–26. Juni 2022) wäert op alle Bünen an der Philharmonie an och op der Place de l´Europe musikalesch eppes gebuede ginn, vun Jazz iwwer Flamenco an Hip-Hop bis Klassik.

Wéi gewinnt gëtt och allerlee fir Kanner tëscht 0 an 12 Joer gebueden, nieft de Formater "Loopino" a "Musek erzielt" zum Beispill déi nei Produktioun "Deine Freunde aus der Ferne" mat de United Instruments of Lucilin oder eng pantomimesch Ëmsetzung vun der "Zauberflöte" vum Quatuor Zaïde.

D´Fondation Eme plangt iwwerdeems eng Truck-it-Tour, also eng Bün op Rieder, op där Showe vu verschiddene Lëtzebuerger Kënschtler gebuede ginn.

De Programm an allen Detailer fannt Dir hei.