De Wëlzer Festival ass zréck, wann och net an der gewinnter Form. De musikalesch ganz vilfältege Programm gëtt op 2 Sitte gebueden.

Am Amphitheater virun der Kuliss vum Wëlzer Schlass an am Jardin de Wiltz wäert de Festival de Wiltz dëst Joer iwwer d'Bün goen. D'Open-Air-Concertsrei "Garden Sounds" dierft deene meeschten e Begrëff sinn, dohier och de Motto vun dëser Editioun "Festival de Wiltz goes Garden Sounds" vum 26. Juni bis de 25. Juli.

Mat der La Fanfare Couche-Tard (26. Juni) kann een an déi stëmmungsvoll, rhythmesch an dynamesch Welt vun der Balkanmusek reesen. Fir déi Kleng bitt déi selwecht Trupp e Bal des Crapiots. E klengen Exkurs an d'Kandheet vum lëtzebuergeschen Jazz- a Fusion-Museker Pol Belardi gëtt beim Concert Pol Belardi’s Childhood Memories (3. Juli) gebueden.

Déi jonk Spectateuren däerfe sech op de Musical "Der kleine Drachen Kokosnuss" (4. Juli) freeën.

Folk mat Electro-Elementer gëtt et vu Bartleby Delicate (9. Juli). Experimentell an interdisziplinär geet et mat Lit & Beats - kuerz fir „Literatur on Beats“ - zou (10. Juli). Presentéiert vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Luc Spada gëtt hei zesumme mam DJ Kwistax, der Kënschtlerin Suzan Noesen an dem Schrëftsteller Gast Groeber d'Konscht vum geschwate Wuert nei erfonnt - dat Ganzt musikalesch a kënschtleresch ënnermoolt. Gutt al musikalesch "Hausmannskost" gëtt et da mat der Weeltzer Musik (11. Juli).

Weltmusek mat Jazz-Kläng a Songtexter op Spuenesch, Englesch a Portugisesch bitt de Marly Marques Quintet (16. Juli). Progressiv, alternativ a maträissend sinn d'Indie-Museker vun Tuys (25. Juli). D'Band presentéiert hiren aktuellen Album "A Curtain Call For Dreamers". Den Ofschloss vum Festival mécht déi däitsch-lëtzebuergesch Sängerin Adrienne Haan (25. Juli) mat franséische Chansone vu Musekslegende wéi  Jacques Brel, Edith Piaf, Charles Aznavour oder Kurt Weill.

Ticketen a weider Informatioune ginn et hei.