An de leschte Joren hat d'Sinéad O'Connor besonnesch wéinst psychesche Problemer fir Opmierksamkeet gesuergt, manner duerch hir Musek.

Ëmmer erëm war déi 54 Joer al Sängerin an de soziale Medien duerch onduerchsiichteg Posts an Tweets opgefall. Elo huet si en neien Album fir d'nächst Joer ugekënnegt, dat wier dann deen 11., ma et soll dann an engems och dee leschte sinn.

Dat huet d'Sinéad O'Connor hire Fans de Weekend via Twitter matgedeelt. De Longplayer "No Veteran Dies Alone", deen am Januar 2022 rauskomme soll, géif d'Enn vun hirer Karriär markéieren. An engems war et d'Noriicht, dass si net wéi geplangt op Tour goe wäert.

"Ech si méi al ginn a midd", huet d'Sängerin geschriwwen. "Dofir ass et fir mech un der Zäit, meng Nippelquasten opzehänken, nodeems ech wierklech alles ginn hunn." Dat wiere keng traureg Neiegkeeten. No enger Rees vu 40 Joer wier et einfach un der Zäit, d'Féiss héichzeleeën an aner Dreem wouer ginn ze loossen. Si géif sech awer elo fir d'éischt mol nach op d'Aarbecht am Studio freeën.

D'Entscheedung soll gefall sinn, wärend si un hirer Autobiografie geschafft hätt, déi grad publizéiert gouf. "Ech mengen d'Buch huet mir kloer gemaach, datt ech mäin eegene Chef sinn (...) Ech wollt net op Erlabnes vun de Männer waarden, wéini ech dat verkënnege kéint." 

Am Buch mécht déi gebierteg Irin ënner anerem hirem fréiere Mentor Prince schwéier Virwërf. De Kënschtler, deen 2016 gestuerwen ass, soll si 1991 physesch ugegraff hunn. Hien hätt Fraen terroriséiert.

Et ass awer net fir d'éischt, datt d'Sinéad O'Connor hire Récktrëtt ugekënnegt. Dat hat si schonn 2003 eng Kéier gemaach.