Den Trifolion, d'Team vum e-Lake an den Atelier hu sech zesummegedoen, fir an der Abteistad eng ganz Rei un Open-Air-Concerten ze organiséieren.

Ënnert dem Numm "Echternach Summer Concerts" ginn iwwert de Summer eng Rëtsch Concerten am eenzegaartege Kader vun der Abtei gebueden - e Mix aus internationalen an nationalen Acts.

Déi dräi erfueren Acteuren aus der Lëtzebuerger Kulturzeen hunn no neie Méiglechkeete gesicht, fir dat kulturellt Liewen am Land ze beräicheren. E ganz neien Event-Site ënner fräiem Himmel gëtt geschaaft. Am Haff vun der Abtei ginn all d'Open-Air-Showe vum Atelier organiséiert. Plaz ass do fir bis zu 600 Persounen, sou wéi et d'Mesuren dann erlaben.

Freeën däerf ee sech op Bands a  Kënschtler wéi Sophie Hunger (20. Juli), Hooverphonic (31. Juli) a Francesco Tristano presents p:anorig (1. August). Den Detail fënnt een um Site vum Atelier.

RTL

All Reitz Reserved / © Lugdivine Unfer

Och den e-Lake-Festival kann dëst Joer nach net am gewinnte Kader um Iechternacher Séi organiséiert ginn. D'Live-Sets a -Concerte vun der 25. Editioun ginn dofir de 6. an de 7. August am Gaart vun der "Orangerie" vun der Abtei gebueden. Den Entrée ass gratis. Fir ze reservéieren, mussen awer 25 Euro bezuelt ginn, déi dann op der Plaz géint Gedrénks- an Iessbonge kënne getosch ginn. Well d'Capacitéit u Sëtzplazen op 300 limitéiert ass, ginn d'Showen all gestreamt.

Et handelt sech heibäi em Sëtzplazen. De Club des Jeunes aus der Abteistad ass responsabel fir d'Organisatioun a probéiert och, an dësem nach méi spezielle Joer eng intressant Musek-Mëschung op d'Been ze stellen.

De komplette Line-Up gëtt geschwënn online bekannt ginn. Confirméiert si bis ewell Optrëtter vun Tuys, Francis of Delirium an De Läb & Homies (6. August), an DJe wéi den DJ Dee, DJ Noisi, Oke & Band an All Reitz Reserved (7. August).

RTL

Max Mutzke / © Rian Heller

Och den Trifolion bitt de Summer iwwer säin Echterlive-Programm am Gaart vun der "Orangerie", am Abteihaff, an der Basilika St. Willibrord an am Trifolion selwer. Am Haff vun der Abtei zum Beispill spillen d'Benoit Martiny Band & the Grand Cosmic Journey an och nach de Richard Bona & Alfredo Rodriguez de 16. Juli. Den Dag drop stinn de Lata Gouveia, d'Band Luciel an de Sam Amidon op där Bün. Den 18. Juli ass besonnesch gutt gefëllt, mat dem Trio Dora Mina an "D’Mina an déi vergiesse Melodie", cantoLX, Elisabeth Schilling, Cathy Krier an André Manoukian & Jean-François Zygel. Den 19. Juli sinn et dann d'Claudine Muno an de Rufus Wainwright, den 22. Juli den Trüb-Brown Duo an den Acelga Quintett, an dann nach den 28. Juli de Max Mutzke. All d'Detailer heizou fënnt een um Site vum Trifolion.