An engem neie Règlement grand-ducal, un deem nach geschafft gëtt, solle Punkte wéi d'Formatioun musicale awer och d'Finanzéierung reforméiert ginn.

Keng Spezialisatioun méi a Musekschoulen? / Rep. M. Camposeo

Eng gréisser Ännerung wier d'Ewechfale vun der Division Moyenne Specialisée an de Museksschoulen. Zënter 8 Joer kënnt den Damien all Woch zu Gréiwemaacher an d'Museksschoul. Elo muss hien entscheeden, wéi de Wee an der Musek fir hien d'nächst Joer weidergeet. Wann hie sech fir déi méi professionell Richtung entscheet, misst hien an e Conservatoire wiesselen. Dat gesäit en neie Gesetzesprojet vum Educatiounsministère vir.

Den Damien mécht zënter 8 Joer Musek: "Ech géif éischter op eng normal Moyenne goen an net d'Specialisée. A sécher net, wann et ass, fir op eng aner Schoul ze goen zum Beispill. Ech géif net mat engem anere Proff weidermaachen. Ech bleiwe léiwer mat mengem Proff, well ech schonn 8 Joer mat him gemaach hunn."

Och dëse Museksenseignant ass vun de vum Educatiounsministère proposéierten Ännerungen net iwwerzeegt. D'Conservatoire géifen zwar flott Fächer ubidden, et wier awer schued, seng Schüler um hallwe Wee ze verléieren.

Constantin Raducu, Museksproff: "Fir mech als Proff ass et besser, vun Ufank un de Wee ze goe mam Schüler, vu ganz jonk bis hin bis zum Schluss, bis zum éischte Präis, deen de Schluss vun der Museksschoul ass."

D'Iddi, de spezialiséierte Cours just nach am Conservatoire unzebidden, wier entstanen, well d'Nofro fir deen an den normale Museksschoulen einfach net grouss genuch wier. Dëst Joer sinn nëmmen 30 vu ronn 500 Specialisées-Schüler an enger Museksschoul, déi aner sinn am Conservatoire.

Gilles Lacour, Commissaire fir de Museksenseignement: "Déi Vilfalt un Niewefächer, dat summéiert sech, awer wat de Schüler do muss maachen, wat deelweis villäicht finanziell méi schwiereg ass fir Gemengen, déi d'Masse critique vu Schüler net hunn. Dofir hu mir geduecht, et géif Sënn maachen, de Conservatoiren déi Missioun opzedroen, déi sou wéi sou sämtlech Niewebranchen ubidden. An eisen Aen géif dat d'Saach vereinfachen."

Romain Asselborn, President vun der AEM:"Et betrëfft keng grouss Mass vu Schüler, awer déi, déi et betrëfft mengen ech awer, dass et wichteg ass, dass si déi Méiglechkeet behalen an ebe grad, well et keng grouss Mass ass. Et sinn Ausnamefäll, wéi sou soll een déi net kënne bäibehalen?"

De Moment gëtt nach um Gesetzesprojet geschafft. Wann den Damien also entscheet, de professionelle Wee anzeschloen, dierf hie weider hoffen, dat a senger Museksschoul mat sengem Proff ze maachen.