D'Popband trauert ëm ee vun hire fréiere Bandmemberen. De Martin Stoeck ass am Alter vu 57 Joer un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen.

Nieft senge PUR-Optrëtter war hien och mat der Kölner Karneval-Band Paveier op Tour an huet och bei Concerte vu Schlagersänger wéi dem Michelle oder dem Claudia Jung ausgehollef. 2015 huet hien als Drummer bei PUR opgehalen a vun 2016 u Musekscoursen zu Oldenburg an Diepholz ginn.

Op senger Facebook-Säit hu seng Kanner den Doud vum Martin Stoecke matgedeelt. Hien hannerléisst e grousst Lach, dat kee fëlle kann, trauert d'Famill an de soziale Medien.

Och seng fréier Bandkolleege vu PUR hunn him Äddi gesot a sech un déi schéi gemeinsam Momenter erënnert. "Mir behalen dech, deng Liewensfreed an deng Gummibieren an allerbeschter Erënnerung."