1985 hat d'UGDA fir d’éischt Kéier d'Fête de la musique op Lëtzebuerg bruecht.

Deemools war dat op Nofro vum Kulturministère organiséiert ginn an zwar fir een Dag: den 21.Juni. An obschonns d'Fête de la musique d'lescht Joer huet mussen eng Covid-bedéngte Paus aleeën, hat d'UGDA e musikalesche Flashmob organiséiert. A well dat sou gutt geklappt huet, hu si e Sonndeg de Mëtteg erëm een organiséiert.

Am spéide Sonndeg de Moien hu sech d’Museker a Museksschüler vun Habscht, Simmer an Äischen op der Place Culturelle zu Äischen zesummefonnt. Hei gouf nämlech den Optakt gemaach fir den 2.Flashmob deen d'UGDA Museksschoul bis elo organiséiert huet.

Gespillt gouf dëst Joer e Stéck vum Tim Kleren, dee bei der UGDA Chargé de cours an der Perkussioun ass an och komponéiert. Säi Stéck "Smile, it’s contagious", also "Laach, dat ass ustiechend", sollt souwuel eng Referenz op d'Pandemie sinn a gläichzäiteg d’Leit motivéiere fir optimistesch ze bleiwen.

De Flashmob gouf via Facebook-Livestream gedeelt. Sou hu schlussendlech eng 25 Gemengen uechter d’Land matgemaach.