Den Theaterkollektiv ill, independent little lies, steet dofir, Theaterleit aus de verschidde Sparten zesummen ze bréngen.

Dat dann och bei hirem aktuellste Projet Zizou a Zazou, hei treffen déi 2 Schauspillerinne Frédérique Colling a Catherine Elsen op d'Regisseurin Claire Wagener. E Projet, deen duerch d'Bourse Edmond Dune finanzéiert gouf, an deen déi dräi Damme scho méi laang um Plange waren. D'Frae sti bei dësem Stéck dann och am Mëttelpunkt. D'Zizou an d'Zazou sinn zwou Fraen, déi hiert Liewe laang befrënnt waren an déi op déi verschidden Evenementer zeréckkucken. Ganz vill verschidden Theme ginn ugeschwat, ma wéi ee se eriwwerbréngt, dat war deenen 3 am wichtegsten. Net reng inhaltlech, mee éischter formell.

Et geet ëm Themen, déi dacks net ugeschwat ginn, wéi zum Beispill d'Sexualitéit oder nach d'Relioun vun de Fraen.

D'Konzept esou wéi den Text hunn déi dräi zesummen ausgeschafft, grouss Deeler vun der Produktioun sinn duerch Improvisatioun entstanen, e manner klassesche Schafensprozess.Fir dëse Projet kruten déi si dann och eng finanziell Ënnerstëtzung duerch d’Edmond-Dune-Bourse.

An wann et am Stéck och haaptsächlech ëm Fraentheme geet, Männer sinn natierlech wëllkomm.

D'Stéck kann een am Carré zu Hollerech bis den 7. Juli kucke goen.