"Concert en honneur des soignants et médecins" heescht et den 8. Juli um 20 Auer an der Philharmonie.

Den Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) an déi ganz Ekipp vun der Philharmonie wëlle mat dësem Concert all deene Merci soen, déi eis déi leschte Méint duerch déi sanitär Kris gefouert hunn. Fir d'Leit aus dem Gesondheetssecteur spillt den OPL ënnert der Leedung vum Chefdirigent Gustavo Gimeno zesumme mat der Solistin Alena Baeva  e Concert mat bekannten a populäre Melodien. De Concert ersetzt iwwerdeems dem OPL säin traditionellen Optrëtt op der Kinnekswiss.

06072021 Mir soe Merci! Concert fir Fleeger an Dokteren an d
RTL

D'Gesondheets- a Fleegepersonal kritt dann och gratis Billjeeën. De Concert ënnert dem Titel "Kinnekswiss at the Phil − A Night of Encores" gëtt donieft live op RTL Zwee, RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.

Programm

Kinnekswiss at the Phil − A Night of Encores 
Orchestre Philharmonique du Luxembourg
Gustavo Gimeno direction
Alena Baeva violon

Giuseppe Verdi: Nabucco: Sinfonia
Pietro Mascagni: Cavalleria rusticana: Intermezzo sinfonico
Johannes Brahms: Ungarischer Tanz WoO 1/1
Johannes Brahms: Ungarischer Tanz WoO 1/5 (arr. A. Parlow)
Franz Schubert: Rosamunde, Fürstin von Zypern: Zwischenaktmusik N  3
Ludwig van Beethoven: Symphonie N  7: 4. Allegro con brio
Camille Saint-Saëns: Introduction et Rondo capriccioso op. 28
Piotr Ilitch Tcha kovski: Pas de deux (Casse-Noisette / Der Nussknacker)
Igor Stravinsky: L’Oiseau de feu (Der Feuervogel). Suite: Finale (version 1919)