De legendäre Frontmann vu The Doors ass den 3. Juli 1971 gestuerwen. Ma och en halleft Joerhonnert no sengem Doud bleift den Jim Morrison e Mythos.

Begruewen ass de "Lizard King", wéi hien och nach genannt gouf, um Père Lachaise-Kierfecht zu Paräis. Nach haut gëtt säi Graf all Joer vun Dausende Fans besicht. Den Jim Morrison gëllt als eng vun den zentrale Symbolfigure vun der Hippie-Beweegung.

Gebuer gouf de Museker den 8. Dezember 1943 zu Melbourne a Florida. Op der Uni vu Kalifornien huet hie sech 1965 mam Robby Krieger, John Densmore an dem Ray Manzarek zu The Doors zesumme gedoen. Doraus gouf eng vun den aflossräichste Bands vun de 60er Joren. The Doors hunn eng nei Form vun der Rockmusek definéiert, dëst mat Konzeptstécker, an deene sech alles ëm Poesie a Rock'n'Roll gedréit huet.

Schonn déi éischt Single "Break On Through (To the Other Side)" vum Debutalbum "The Doors" am Januar 1967 war e grousse Succès, genau wéi déi zweet Single "Light My Fire", déi et am Juli 1967 op Plaz 1 vun de Billboard-Single-Charts gepackt huet. Spéitstens mat hirem zweeten Album "Strange Days" a Songs wéi "People Are Strange" oder "Love Me Two Times" am Oktober 1967 waren The Doors dunn eng vun de beléiftste Rockbands vun de Vereenegte Staaten. D'Zäitschrëft "Vogue" huet deemools geschriwwen: "Den Jim Morrison schreift, wéi wann den Edgar Allan Poe a Gestalt vun engem Hippie zréckkomm wier".

Den Jim Morrison war eng charismatesch Perséinlechkeet, e Mann, deen awer och duerch säin destruktiven a rebellesche Liewensstil op ech opmierksam gemaach huet. Drogen-Eskapaden hu säi Liewe bestëmmt. Och d'Auszäit zu Paräis sollt dorun näischt änneren.

Fir d'lescht huet hien an der Rue Beautreillis am Bohème-Quartier Marais gelieft. D'Wunneng huet dem Model Elizabeth "Zozo" Lariviere gehéiert. Mat senger Frëndin Pamela Courson war hien an der Hoffnung dohi geplënnert, dem Wansinn vu senger Berüümtheet an de Vereenegte Staaten ze entkommen a sech dem Schreiwen ze widmen. Just 3 Méint sollt hien awer zu Paräis iwwerliewen. Säin Doud gëtt bis haut Rätsel op. An der offizieller Versioun heescht et, hie wär am Alter vu 27 Joer a senger Bidden un Häerzversoe gestuerwen. Ma eng aner Geschicht huet och d'Ronn gemaach. Sou huet de Journalist Sam Bernett jorelaang recherchéiert a behaapt, d'Rocklegend wär un enger Iwwerdosis op der Toilette vum Nuetsclub Rock'n'Roll Circus gestuerwen.

"Säi Gesiicht war gro, d'Aen zou, et gouf Blutt ënner senger Nues a wäisse Schaum ëm säi Mond, dee liicht opstoung, an a sengem Baart. Hien huet net geotemt", schreift de Sam Bernett an "The End: Jim Morrison". D'Sängerin a 60er-Joren-Ikon Marianne Faithfull huet dës Geschicht an engem spéideren Interview confirméiert a gesot, déi déidlech Dosis wär vum Stardealer Jean de Breteuil komm, mat deem si deemools zesumme war.

Dräi Gedichtbänn huet de Morrison verëffentlecht an och u Filmprojete geschafft, ma et ass seng Musek, déi hie bis haut onstierflech gemaach huet.