De Screaming Fields Song Contest, organiséiert vum Rocklab, geet a seng 4. Ronn an dofir ginn elo jonk, kreativ Kandidate gesicht, déi Musek maachen.

Den Opruff riicht sech u Lëtzebuerger Kënschtler tëscht 12 a 25 Joer. Ob Rock, Pop, Metal, Hip-Hop oder elektronesch Musek spillt keng Roll. Hir éischt Schrëtt hunn iwwerdeems och MAZ, Æm a Francis of Delirium um Screaming Fields Song Contest gemaach.

Fir Kandidat ze ginn, muss ee just säin Demo mat senger Iddi vun engem Song ënner dem Thema vun dësem Joer "I want to break free" bis de 24. September aschécken. E Jury wielt dann dat bescht Lidd aus. De Präis sinn Opnamen am Studio mat engem confirméierte Produzent, e Videoclip an eng Promotiounscampagne fir d'Verëffentlechung vum Lidd.

Informatiounen an Aschreiwungen iwwer www.screamingfields.lu.