D'Unesco begrënnt hir Entscheedung duerch dat architektonescht, landschaftlecht an urbanistescht Ierwe vun der Mëttelmierstad.

Nieft Nice ginn et iwwer 40 weider Weltkulturierwen-Sitten a Frankräich, dorënner d'Ufer vun der Seine zu Paräis, de Mont-Saint-Michel an der Normandie oder d'Kathedral vun Amiens.

Nice zielt bal 1 Millioun Awunner an ass no Marseille déi zweetgréisst Stad un der franséischer Mëttelmierküst. All Joer zitt dës Stad e puer Milliounen Touristen un. Zanter dem 18. Joerhonnert verzaubert Nice ënnert anerem den europäeschen Adel, Moler a Schrëftsteller. Dorënner de Marc Chagall, Henri Matisse, Anton Tschechow a Friedrich Nietzsche, déi dohi geplënnert sinn.

Weltwäit zielt d'Lëscht vun den Unesco-Weltkulturierwen iwwer 1.100 kulturell an natierlech Sitten.