Den Dusty Hill, Bassist vun enger vun de bekanntste Bluesrockbands weltwäit, ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen.

Hie war de Bassist an zweete Sänger vun der legendärer Band "ZZ Top". Elo ass hie mat 72 Joer friddlech op senger Ranch an Texas ageschlof. Dat huet d'Bluesrockband op hirer Facebook-Säit bekannt ginn.

"Du wäerts eis feelen, Amigo" hunn d'Bandmembere Billy Gibbons a Frank Beard an engem Statement op Facebook matgedeelt.

Lescht Woch hat d'Band op hirer Websäit annoncéiert, dass den Hill sech no enger Erkrankung géif doheem erhuelen. Méi Detailer sinn net gewosst. E geplangten Optrëtt fir den 28. Juli zu Simpsonville am South Carolina war ofgesot ginn.

Iwwer 50 Joer huet den Dusty Hill beim Trio "ZZ Top" matgespillt, deen am Summer 1969 gegrënnt gouf. De kommerziellen Duerchbroch ass hinnen 1973 mat "Tres Hombres" gelongen an den drëtte Studioalbum gëllt haut nach als Klassiker. Sechs Alben hunn de Gibbons, Hill a Berad eleng an de 70er Jore verëffentlecht. Zu hire bekanntste Lidder gehéieren "La Grange" oder nach "Sharp Dressed Man". Gepräägt ware d'Band besonnesch duerch hire Look, mat laange Bäert, Trenchcoats an hire Sonnebrëller.