Am RTL-Interview schwätzt si iwwer d'Begeeschterung, endlech nees viru Publikum kënnen opzetrieden.

Déi belsch Sängerin Selah Sue huet lescht Woch den éischte groussen CovidCheck-Concert zu Munneref virun iwwer 1.000 Leit gespillt. Si huet dobäi hire leschten Album "Bedroom" virgestallt  an hir ganz nei EP "Free Fall".

Am Kader vum Kultur-Summer-Tour huet si RTL e längeren Interview ginn.