Ënnert dem Waassertuerm triede Lëtzebuerger an auslännesch Museker op. Newcomer an anerer, déi schonn iwwer 30 Joer sech en Numm gemaach hunn.

Am Kultur Summer hate mer iech de Programm vum Kulturzentrum « opderschmelz » zu Diddeleng virgestallt. « Ënnert dem Waassertuerm » huet de Programm geheescht deen dëse Weekend di lescht Concerten ugebueden huet. De Régis Thill war fir eis op den Jazz Concert mat de Bridder Belmondo.

Ënnert dem Waassertuerm trieden Lëtzebuerger an auslännesch Museker op: Newcomer an anerer, déi schonn iwwer 30 Joer sech en Numm gemaach hunn. Sou zum Beispill d’Bridder Belmondo, déi deels jidderee fir sech, an och ëmmer nees zesumme Carrière gemeet hunn.

De Concert um Sonndeg den Owend ass sold out, an de Kultursummer ënnert dem Waassertuerm ass eriwwer. Am September gëtt et dann nees Neies ze entdecken.