Festivallen hei am Land sinn net just zanter Corona méi rar ginn, ëmsou méi frou sinn d'Organisateure vum LOA, hiren Event scho fir d'Zweet z'annoncéieren.

Geplangt ass de "Luxembourg Open Air" mat engem neie Partner als CovidCheck-Event den 11. an 12. September op der Place de l'Europa um Kierchbierg.  Deemno huet de LOA Festival 2021 e klore sanitäre Protokoll zesumme mam Ministère op d'Bee gestallt, dee jidderengem, Visiteure wéi och Mataarbechter, e sécheren Oflag garantéiere soll.

A fir d'Virfreed op endlech nees richteg Festival-Stëmmung sou richteg opkommen ze loossen, goufen och schonn de Line-up verroden, deen aus 8 internationale DJen an 25 lokalen Artiste besteet. Elo schonn kann ee sech freeën op Nimm wéi Quintino, Mr. Belt & Wezol, Justin Mylo, Danko, Smack, Fabian Farell, Himmelfahrt an Iceleak.

Um Site fënnt een awer och e "Food Village" an eng "Chill Out Area". De "Cashless System" soll et fir de Visiteur dann och nach eng Grimmel méi agreabel maachen.

RTL

Ticketen, déi ee scho kaf hat fir den Event, dee jo wéi gesot op den 11. an 12. September verréckelt gouf, bleiwe valabel. Déi concernéiert Leit kruten eng Email mat all den Informatiounen. Am Fall, et krut een dee Mail net, soll ee sech iwwert de LOA-Site beim "Support Team" mellen.

Op hirem Site kritt een och nach Ticketen ze kafen, sollt een elo op de Festival-Goût komm sinn. A wien elo scho wëll an de Feeling kommen, dee ka sech hei den Aftermovie vun der LOA-Editioun 2019 ukucken. D'Editioun 2020 war reng Digital an huet duerch déi zu där Zäit aktuell Restriktioune leider misse komplett op Visiteure verzichten.