De Paul Würdig, besser bekannt als Sido, war nees eng Kéier zu Lëtzebuerg. Um Donneschdeg den Owend huet hien e Concert um Glacis ginn.

Fir den däitsche Rapper war et deen éischte Concert zanter der Pandemie, op deem hien nees live viru Public stoung. E Concert ganz ouni Mask, a mir schwätzen hei net vun der typescher Doudekapp-Sido-Mask.

De Sido war bei eis am RTL-Interview.

Vun ausverkaafte Concertshalen zu enger gezwongener Paus: d’Zäit vun der Pandemie war och fir d‘Museker schonn eng zimmlech Ëmstellung. De Sido, deen zanter iwwer 20 Joer déi däitsch Musekszeen beaflosst, war do keng Exceptioun. Trotzdeem probéiert de 40 Joer ale Berliner dat Positiivt an der Situatioun ze gesinn.

Wéi et sou koum war seng éischt Chance dofir en Donneschdeg zu Lëtzebuerg. An zwar als Deel vun der Concertsrei "City Sounds – Glacis in Concert" (6. bis 13. August), organiséiert vun der Stad Lëtzebuerg mat Hëllef vum Atelier.

Gespillt gouf e Mix aus Klassiker aus dem Sido-Repertoire a Lidder vu sengem rezentsten Album "Ich&keine Maske". Dee koum 2019 raus an, wéi aus dem Gespréich ervirgeet, kéint et de leschten Album gewiescht sinn, dee mir vum däitsche Rapper kruten.

An och d'Doudekapp-Mask, déi jo u sech dem Museker säi Markenzeechen ass, schéngt hautzedaags eng ganz aner Bedeitung ze hunn, wéi dat sos de Fall war.

13/08/2021 Sido am Interview

Hei e puer Andréck vum Concert.