Iwwer 40 Joer laang war de Simon Gallup e wichtegen Deel vun der Band "The Cure". Ma domat ass elo Schluss, huet den 61 Joer ale Museker annoncéiert.

An de sozialen Netzwierker huet de Bassist wësse gedoen, dass hie schwéieren Häerzens net méi Member vun "The Cure" ass. Gesondheetlech Grënn hätte bei senger Entscheedung keng Roll gespillt. Hien hätt es "genuch vum Verrot", sou de Gallup. Eng Stellungnam vun der Band selwer oder dem Sänger Robert Smith gouf et bis well nach net.

Tëscht 1979 an 1982 an no 1985 stoung de Simon Gallup mat der Pop-/Rock-/Wave-/Gothic-Band op der Bün. Ma wéi geet et elo weider? Dës Fro stelle sech vill Fans den Ament. Wäert d'Band och ouni hie weider optrieden? Eventuell ënnert engem aneren Numm? 2018 hat de Robert Smith an engem Interview mat "The Irish Times" gesot, dass d'Band net méi "The Cure" heesche géing, sollt de Gallup d'Band verloossen. Hie wier nämlech ëmmer d'Häerz vun der Grupp gewiescht, sot de Sänger NME virzejoert. Och wa si heiansdo hir Problemer matenee haten, wiere si gutt matenee befrënnt , huet hat hien deemools betount.

Am Joer 1976 gouf "The Cure" ënnert dem Numm "Easy Cure" gegrënnt. Mëtt 80er Joren huet hire kommerziellen Erfolleg ugefaangen. Zu hire bekanntste Lidder zielen ënnert anerem "Love Cats", "Boys Don't Cry" an "Friday I'm In Love".