Den 48 Joer ale Rapper soll an enger Episod de Kriminelle "White Boy Rick" spillen.

Den US-Rapper 50 Cent schafft momentan u senger neier Dramaserie Black Mafia Family, kuerz BMF. An dëser Serie geet et em eng reell geschitte Geschicht vun de Bridder Demetrius an Terry Flenory, déi sech Enn 1980er Joren een Drogenhandelsimperium opgebaut haten.

Dem Eminem säi Personnage, White Boy Rick, ass an der Serie eng Hip-Hop-Legend. A senger Jugend war hien ee FBI-Informant, deen als Member vun enger Detroiter Gang Drogen a Waffe verkaaft huet. Mat 17 gouf de White Boy Rick wéinst Kokainbesëtz zu liewenslaanger Haft verurteelt. Am Juni 2020 gouf hien am Alter vu 50 Joer op Sursis entlooss.

Niewent dem Eminem spillen awer och nach aner bekannt Staren ewéi de Snoop Dog, de Russell Hornsby an d'Serayah an der Serie mat.