Zimmlech iwwerraschend huet de Museker säin neien Album publizéiert, dat jo no enger längerer Paus.

Zënterhier brécht den Album "Donda" souwuel op Spotify, wéi och op Apple Music all Rekorder.

"Dona" ass den Numm vu senger verstuerwener Mamm, sou wéi eben och den Numm vum Rapper a Produzent sengem neisten Album, dee wéi gesot extrem iwwerraschend op eemol erauskomm ass. Bannent 24 Stonnen ass den Album an 152 Länner op Plaz 1 vun den Charts op Apple Music geklommen. 60 Millioune Mol soll den Album an den éischte 24 Stonne gestreamt gi sinn. Vun den am Ganze 27 Lidder um Album, sinn der 19 an den Top 20 vun de globalen Charts vum Dag op der Plattform vun Apple vertrueden.

Mat dësen Zuelen ass de Kanye West 2021 deen am meeschte gestreamte Kënschtler an engem eenzegen Dag, nämmlecht fir "Donda", dat den am meescht gestreamten Album an engem Dag ass.

Och Spotify huet bekannt ginn, dass de Kayne West mat sengem neiste Wierk de Rekord vum meescht gestreamten Album vum Joer gebrach huet.