D'Sängerin huet hire Concert dëse Freideg zu Leipzig missten ofsoen. Eent vun hire Kanner an si selwer hu sech trotz Impfung mam Corona-Virus ugestach.

"Dat ganzt Team ronderëm d'Sarah Connor ass wansinneg enttäuscht an entschëllegt sech fir dës Ëmstänn", esou d'Firma Semmel Concerts Entertainment GmbH en Donneschdeg.

Déi 41 Joer al Sängerin erkläert an engem véier Minutte laange Facebook-Video, dass fir d'éischt eent vun hire méi jonke Kanner positiv getest ginn ass. Wéi si sech ëm hiert Kand gekëmmert huet, sou wéi si dat ëmmer mécht, huet si och Symptomer gewisen.

"Ech si scho laang geimpft an hu Gott säi Dank nëmme liicht Symptomer, also kee Grond sech Suergen ze maachen", erkläert d'Sarah Connor weider.

De Concert hätt sollen am Kader vun der "Sommer Arena" op der "Festwiese" organiséiert ginn. An de soziale Medien huet d'Sängerin sech scho méi dacks iwwer d'Konsequenze vun der Pandemie fir d'Entertainment-Branche beschwéiert an huet hir Fans ëmmer rëm dozou opgeruff, sech impfen ze loossen.

D'Sarah Connor huet am ganze véier Kanner: Tyler Marc (17), Summer Antonia (15), Delphine Malou (10), an de Jax Llewyn (4). Déi zwee méi al Kanner sinn aus dem Mariage mam Marc Terenzi an déi méi jonk aus dem Mariage mam Florian Fischer, mat deem d'Sängerin zanter 2017 bestuet ass.