Am Joer 2019 gouf eng éischte Kéier de LOA-Festival vun e puer jonken a motivéierte Leit an d'Liewe geruff.

An dës Iddi ass deemools ageschloen ewéi eng Bomm. Dausende vu Leit hu virun 2 Joer um Evenement Deel geholl, wou déi elektronesch Musek dominéiert. No engem Joer Paus wéinst der Corona-Pandemie gëtt dëse Weekend nees gefeiert.

Dëse Weekend steet d'Place de l'Europe hei uewen um Kierchbierg ganz am Zeeche vun der elektronescher Musek. Iwwer 30 DJen hei aus Lëtzebuerg a 9 Stéck aus dem Ausland leeën e Samschdeg an e Sonndeg ronderëm d'Philharmonie op. Fir awer auslännesch DJen ze kréien, muss een déi schonn op d'mannst ee Joer am viraus buchen, wéi eis d'Organisateuren erklären.

Scho fir déi zweete Kéier gëtt de LOA - de Luxembourg Open Air - Festival am Häerze vun der Stad organiséiert. 2019 war et eng éischte Kéier. D'lescht Joer konnt de Festival wéinst der Kris net iwwer d'Bün goen. Endlech ass et nees méiglech, war den Echo vu ville Leit.

Bis 2000 Leit sinn um Site vum Festival zougelooss. Et ass e CovidCheck-Event. Dat heescht, déi Responsabel hunn de "feu vert" vum Gesondheetsministère kritt, fir de LOA ënner bestëmmte Mesuren z'organiséieren.

Bis an der Nuecht um 1 Auer kann een op d'Musek danzen an e Sonndeg dauert de Festival vu mëttes 13 bis Hallefnuecht. E puer Entréesbilljeeë si fir e Sonndeg nach iwwer den Internet ze kréien.