Vun enger Kandheet an Aarmut huet den 2Pac et zu engem Superstar vun der Hip-Hop-Zeen gepackt. Awer huet hie gelieft an ass gestuerwe wéi ee Kriminellen.

Et war samschdes owes zu Las Vegas, wéi ee Konvoi mat deiere Limousinnen ënnert de Neonsluuchte vun de Casinoen a Richtung Norde gefuer ass. Um Steier vun engem schwaarze BMW 750 huet de Chef vum Label "Death Row", de Suge Knight, gesiess. Nieft him säi gréisste Star: den Tupac Amaru Shakur, besser bekannt als 2Pac, aachtfach mat Platinn ausgezeechent a säi leschten Album war wochelaang op der éischter Plaz an den Charts.

An der "Flamingo Road" huet de Konvoi bei enger Kräizung stallgehalen, ewéi ee wäisse Cadillac nieft hinne stoe bliwwen ass. Aus deenen hënneschte Fënsteren huet eng bis haut onbekannte Persoun 13 Mol op de BMW geschoss. Véier Kugelen hunn de Museker getraff. Hien huet misse schwéier blesséiert an d'Klinik geliwwert ginn an ass 6 Deeg méi spéit, den 13. September 1996, gestuerwen.

Den Tupac Shakur, de Rapper mat der heeser Stëmm, ass nëmme 25 Joer al ginn. Hie war Konschtstudent a Kriminellen, Chauvinist a Charmeur - ee Poet, deem seng Persoun a säin Image geféierlech verschmolt sinn. Hien huet sech "Thug Life" op säi Bauch tätowéiere gelooss an huet säi "Gangsterliewen" bis dee leschten Dag gelieft: Den Tupac huet op Poliziste geschoss, Droge geholl an de Prisong vu banne gesinn. Hien huet iwwert Aarmut, Rassismus an dat schwéiert Liewen an de Stied gerappt.

De Rapper war de 16. Juni 1971 mam Numm Lesane Parish Crooks an der Bronx gebuer. Seng Mamm war radikal Aktivistin bei de "Black Panthers". Déi eenzeg Pappefigur war säi Stéifpapp Mutulu Shakur, deen ee vun deene meeschtgesichte Verbriecher an den USA war. De Mutulu huet de Jong no engem Inka-Märtyrer benannt, deen am 18. Joerhonnert een Opstand géint déi spuenesch Besatzer ugefouert huet.

Nodeems de Mutulu festgeholl ginn an d'Mamm den Droge verfall war, ass den Tupac bei Famill a Kalifornie komm. An enger Virstad vu San Francisco huet hie sech der Hip-Hop-Crew "Digital Underground" ugeschloss. Seng Lidder "2Pacalypse Now" an "Strictly 4 my N.I.G.G.A.Z." hunn him den Duerchbroch bruecht. Esou ass den Tupac Shakur mat 20 Joer der Aarmut entkomm an huet an enger Welt mat Bekanntheet, Fraen a Sue gelieft.

No sëllege Strofdoten an engem Sträit mam "The Notorious B.I.G.", deen ee laange Sträit tëscht Rapper vun der Ost- an der Westküst ausgeléist huet, gëtt gemunkelt, datt den Notorious B.I.G. ee Kappgeld bei der Gang "Crips" ausgesat soll hunn, fir den Tupac erschéissen ze loossen.

D'Enquêtë vun der Police hunn offiziell keng Resultater bruecht. Et ginn eng Rei Verdächteger, déi och verhéiert gi sinn, mä ouni Erfolleg.