Enn September soll an Dänemark eng Kassett mam Lidd "Radio Peace" vun der Beatles-Legend versteet ginn. Bis op e puer Leit huet ni een dat Lidd héieren.

Op der Opnam aus dem Joer 1970, déi no enger Pressekonferenz opgeholl gi war, ass d'Lidd "Radio Peace" ze héieren. Dat huet dat dänescht Auktiounshaus "Bruun Rasmussen" en Dënschdeg matgedeelt. D'Kassett, déi 33 Minutte laang ass, soll den 28. September zu Kopenhagen ënner den Hummer kommen. Hire Wäert gëtt op 27.000 bis 40.000 Euro geschat.

Informatioune vum Auktiounshaus no soll d'Opnam vu véier Männer kommen, déi deemools als Schüler bei der Pressekonferenz dobäi waren. Den John Lennon huet sech am Wanter 1969/70 e puer Wochen un der dänescher Küst opgehalen, fir datt seng Fra Yoko Ono méi Zäit mat hirer Duechter verbrénge konnt, déi bei hirem Papp an Nordjütland gelieft huet.

D'Opnam wier "absolut eenzegaarteg", well dës am Verlaf vun engem Gespréich entstanen ass. No der Pressekonferenz, déi de Lennon aberuff hat, huet hien e puer Journalisten an deene véier Schüler e puer Lidder virgespillt. "Eent dovun, "Radio Peace", ass ni publizéiert ginn", esou d'Cheffin vum Auktiounshaus Alexa Bruun Rasmussen. "Et ass een Deel vun der dänescher Geschicht, a wann een et lauschtert, spiert een, datt den John Lennon sech an Dänemark wuelgefillt huet." Hie wier a Rou gelooss ginn a "konnt einfach säi Liewe liewen", erkläert d'Cheffin weider.

Déi véier Teenager waren deemools virun allem un dem pazifisteschen Aktivismus vum Museker interesséiert a wëlle mat dëser Aktioun de Message vum John Lennon weiderginn. Wien d'Kassett steet, kritt och Fotoe vun der Pressekonferenz souwéi d'Ausgab vun der Schülerzeitung, an där déi véier Jugendlecher iwwer hiert Erliefnis mam Lennon schreiwen.

"Fir d'Opnam ze lauschteren, brauch een e gudden, almoudesche Kassetterekorder, an ech denken, datt d'Nostalgie de Wäert vun der Kassett erhéicht". Dat sot d'Cheffin vum Auktiounshaus.

D'Beatles hate sech nom Héichpunkt vun hirer Karriär am Joer 1970 getrennt an hunn eege Museksprojete suivéiert. De Lennon huet ënnert anerem de Welthit "Imagine", deen zu enger "Anti-Krich-Hymn" ginn ass, erausbruecht, éier hien am Dezember 1980 zu Manhattan op oppener Strooss vun engem Fan erschoss ginn ass.