En Dënschdeg huet d'Gemeng Diddeleng op eng Pressekonferenz invitéiert. An do gouf en neie Festival annoncéiert.

Op 2 Deeg am Juni steet den Zenter vun Diddeleng ganz am Zeeche vu Musek, Konscht, Theater an Danz. De Weekend vum 11. an 12. Juni ass um Terrain Neischmelz en neien Open-Air-Festival. Organiséiert gëtt dat Ganzt an Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Diddeleng, Opderschmelz, dem Atelier, de Gudde Wëllen an den Organisateure vun Esch 2022.

A besonnesch d'Amateure vu Rockmusek kommen e Samschdeg 11. Juni an de Genoss vun engem ganz besonnesche Concert. No 2009 an 2014 fannen d'Kings of Leon endlech nees de Wee zeréck op Lëtzebuerg a stinn als Headliner op der Bün. Mat am Gepäck hiren 8. Studioalbum "When You See Yourself", deen uganks Mäerz dëst Joer réischt verëffentlecht gouf.

Den 12.  Juni ass méi an artistesche Programm geplangt, mat ënner anerem Musek, Theatervirstellungen, Danz an anere Konschtperformancen. Net manner wéi 17 kulturell Projete sinn um Diddelenger Territoire, sou den LSAP-Député-maire Dan Biancalana.

Schreiwes vum Atelier

We are delighted to let you know that US rock outfit KINGS OF LEON will be coming to USINA22 on June 11th 2022.

USINA22 is a two-day open air festival at Neischmelz, Dudelange.
The line-up includes local artists as well as emerging European artists and features the internationally acclaimed American rock band Kings of Leon headlining USINA22 festival on Saturday, June 11th 2022.

KINGS OF LEON | USINA DAY 1
+ support (to be announced)
June 11th 2022
info & tickets at atelier.lu

USINA DAY 2
broad artistic line-up, crossing borders between music, theatre, dance, and visual arts
free entrance
info at atelier.lu

presented by Ville de Dudelange, Opderschmelz, A-Promotions & De Gudde Wëllen with the support of Esch2022.