Egal op Folk, Grunge, Pop oder Hiphop, am Concours ass all Museksgenre wëllkomm.

Nach bis den 1. Oktober leeft d'Sich no Artisten a Bands aus Lëtzebuerg, déi um Screaming Fields Song Contest 2021 deelhuele wëllen.

Ënnert dem Motto "I want to break free!" rifft d'Rockhal Museker am Alter tëscht 12 a 25 Joer dozou op, hir Demoen eranzeschécken. Eng Jury wäert dann aus de verschiddenen Asendungen ee Gewënner sichen, deem säi Song dann professionell produzéiert gëtt. All Museksgenre sinn am Contest wëllkomm.