D'Tickete fir d'Band, déi de leschten Eurovision Song Contest gewonnen huet, ginn den 30. September an de Verkaf.

Den 22. Februar kënnt Måneskin am Kader vun "Loud Kids on Tour" och op Lëtzebuerg. D'Band steet fir eng Mëschung aus Rock'n'Roll an zäitgenëssesche Beats. Dat kënnt gutt un: Mat hirem Song "Zitti e Buoni" (ongeféier: Hal de Bak a sief roueg)  hu si dëst Joer den Eurovision Song Contest gewonnen. Duerno sinn den Ethan Torchio, d'Victoria De Angelis, den Damiano David an Thomas Raggioch international nach méi bekannt ginn an hunn an e puer Woche Gold a Platin a méi ewéi 15 Länner kritt.

De 15. Juli dëst Joer ass de Video zum Lidd "I wanna be your Slave" op Youtube erauskomm. A just 24 Stonnen huet de Clip ronn 6,7 Millioune Klicks erreecht a gouf a 67 Länner en Hit.  Hiert bekanntste Lidd bleift awer wuel Beggin (2017). Hiren éischten Album koum 2018 eraus. Deemools huet d'Band och hir éischt Europa-Tuer gemaach.

D'Band-Memberen hunn 2015 als Stroossemuseker zu Roum ugefaangen. Well d'Bassistin Victoria dänesch Originnen huet, huet d'Band en däneschen Numm: Måneskin heescht Moundliicht a gëtt Maaneskin ausgeschwat.
D'Tickete fir d'Rockhal gëtt et vum 30. September um 12 Auer un op rockhal.lu.