Sänger, Esoteriker, Schoulmeeschter, Ëmweltaktivist, Bassist, Schauspiller, Polizist, ... de Gordon Sumner alias Sting huet nach vill wëlles.

Andy Summers, Stewart Copeland a Gordon Matthew Sumner. Als “The Police” hunn déi 3 tëscht 1977 an 1983 mat engem clevere Mix aus Pop, New Wave a Punk den Nerv vun der Zäit getraff. Vrun allem dem Frontmann seng markant Stëmm huet dem Trio de Stempel opgedréckt a well deen déi eng oder aner Kéier a sengem giel-schwaarz-gesträifte Pullover op der Bün vun engem Bandkolleg mat enger Harespel verglach gouf war de Spëtznumm «Sting» séier an aller Mond.

No 5 Albumen an e puer desagreabele Kokain-Experienzen sinn The Police getrennte Weeër gaangen. De Sting konnt sech als Acteur, ë.a. am David Lynch sengem Science-Fiction «Dune» en Numm maachen an 1985 koum mat «The Dream oft he Blue Turtles» säin 1. Solo-Wierk eraus.

Mat dësem Album ass de Sting nei Weeër gaangen. Seng Virléift fir Jazz sollt an den nächste Jore säi Sound markéieren a seng Popularitéit huet en anengems genotzt fir sech fir Ëmweltschutz a Mënscherechter staark ze maachen. An deem Kontext huet en 1987 d’Rainforest Foundation gegrënnt.
De Museker Sting huet et ëmmer nees verstane säi Stil ze veränneren an esou mat World Music, Rock, Dancepop awer och Lidder aus der Renaissance ze experimentéieren.

De kommerzielle Succès huet en awer vrun allem senge wonnerbare Balladen ze verdanken.

Net manner ewéi 18 Grammye ginn op säi Kont, en  Nummer 1-Hit sollt em awer net eleng glécken. Dee koum 1993 a Gesellschaft vu Bryan Adams a Rod Stewart mat Filmsong aus «The Three Musketeers».
2013 koum mat «The Last Ship» en autobiographesche Musical iwwert seng Kandheet an Nordengland an der Schëffsbau-Stad Wallsend eraus.

Zanter 1992 ass de Sting fir d'zweet mat der Actrice a Produzentin Trudie Styler bestuet, d’Koppel lieft zanter 1997 an der Toscana wou se an hirer "Tenuta il Palagio" och Wäin an Olivenueleg produzéieren a sech mat Yoga fit halen. Vum Sting senge 6 Kanner sinn der och 2 als Museker aktiv: d'Coco an den Joe Sumner.

Am November kënnt mat "The Bridge" dem Sting säi 15. Studioalbum eraus. An den 29. Mäerz d'nächst Joer kënne mer en mol nees eng Kéier live zu Lëtzebuerg erliewen.