D'Lidd "Eloise" huet de Barry Ryan 1968 weltberüümt gemaach. De brittesche Sänger ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen.,

Wéi säi laangjärege Frënd Yusuf alias Cat Stevens op Instagram matgedeelt huet, ass de Barry Ryan schonn en Dënschdeg verscheet, knapp e puer Woche viru sengem 73. Gebuertsdag de 24. Oktober.

Mat "Eloise" ass de brittesche Sänger bekannt ginn. Geschriwwen hat den Hit säin Zwillingsbrudder Paul Ryan. Mat him hat hie Mëtt de 60er Joren seng Karriär gestart, bis hien als Solokënschtler weidergemaach huet. D'Band "The Ryan Twins" gouf deemno opgeléist, ma Lidder huet de Paul Ryan nach weider fir säi Brudder geschriwwen.

Wéi säin Zwillingsbrudder Paul 1992 gestuerwen ass, huet de Barry Ryan sech aus der Musekswelt zeréckgezunn an huet sech der Moud, respektiv der Moudefotografie gewidmet.

[comments