Endlech ass et nees souwäit. Am Groussen Theater kann eng Oper opgefouert ginn.

An da gläich eng vun deene bekanntsten iwwerhaapt, nämlech d'Hochzäit vum Figaro vum Wolfgang Amadeus Mozart.

De Régis Thill war an d'Generalprouf an huet mam Direkter vum Groussen Theater driwwer geschwat, wéi et derzou koum, fir sou eng Oper zu Lëtzebuerg opzeféieren.

Eng Oper brauch en Orchester, hei den OPL, an deen ass virun der Bün an enger Fosse verstoppt. Fir d'Opféierung vun enger Oper ze meeschteren, brauche mer zu Lëtzebuerg eng Koproduktioun mat engem Operenhaus aus dem Ausland. Op déi Manéier kënnen an enger Saison bis zu 4 Operen zu Lëtzebuerg opgefouert ginn.

Déi selwecht Oper mat derselwechter Mise en scène an deem selwechten Dekor gëtt dann op verschiddene Plazen an der Welt opgefouert. An dësem Fall zum Beispill zu Paräis an zu Los Angeles. Den Orchester an d'Sänger kënne wiesselen. D'Käschte kënnen op e puer Schëllere verdeelt ginn.