Viru 50 Joer huet den John Lennon zesumme mat senger Fra Yoko Ono de Welthit "Imagine" verëffentlecht. D'Lidd ass bis haut eng Hymne fir de Weltfridden.

Den 11. Oktober 1971, ee Joer nodeems d'Beatles opgeléist goufen, gouf dëse musikaleschen Appell géint Krich, Materialismus an den Honger an der Welt zur Hymne vun der Friddensbeweegung.

Ma och wärend der Pandemie war d'Lidd nees immens aktuell ginn. Wärend dem Lockdown am Mäerz 2020 gouf de Welthit op Initiativ vum Gal Gadot vun enger Rëtsch Hollywoodstaren nogesongen an op YouTube verëffentlecht. Déi gutt gemengten Aktioun koum allerdéngs net esou gutt no baussen un a gouf als sënnlose Geste bezeechent.

D'Iddi koum vum Oko Ono

D'Iddi fir dëst Lidd staamt vun der Wittfra vum John Lennon, si gouf allerdéngs eréischt mat grousser Verspéidung zanter 2017 och als Songwriterin agedroen. Eppes, wat hire Mann sech zu Liefzäite gewënscht hat.

Den avantgardistesche Gedichtband "Grapefruit" soll d'Grondlag fir "Imagine" gewiescht sinn. Am Buch heescht et "Imagine the clouds dripping" (Stell dir vir, d'Wolleken drëpsen). Aus deem Text huet de Lennon dunn eng änlech Versioun gemaach. "Stell dir vir, et gi keng Staaten, näischt, woufir een een ëmbréngt oder stierwe misst", sou heescht et an der zweeter Strophe vun "Imagine".

Weider heescht et: "An och keng Relioun. Stell dir vir, wéi d'Leit all a Fridde liewen". Genee dëse Passage war bei de Kierchevertrieder immens ëmstridden, ma den John Lennon wollt d'Reliounen net zwéngend ofschafen, hien huet vun enger Welt "ouni reliéis Konfessiounen" gedreemt, ouni dat Gedeessems vun "mäi Gott ass besser wéi däi Gott".

Ëmstridde war awer och déi 3. Stroph: "Stell dir vir, et gëtt kee Besëtz. Ech froe mech, ob s du dat kanns". De Multimillionär gouf als Heuchler bezeechent, deen e puer Wiesen an Autoen besëtzt huet. Bewosst war sech de Lennon, dee sech net op eenzel Persoune mä op Gesellschafte bezunn huet, doriwwer net. A spéidere Versiounen, respektiv bei Live-Interpretatioune gouf dee Passage op "Stell dir vir, et gëtt kee Besëtz. Ech froe mech, ob mir dat kënnen" ëmgeännert.

Parallellen zum Kommunismus

Keng Relioun, keng Grenzen, kee Besëtz - den Ex-Beatle huet zu engem spéideren Zäitpunkt agestanen, dass déi radikal gesellschaftlech Iddien a sengem Lidd eendeiteg Parallellen zum Kommunismus hätten. An engem Interview mam "Playboy", nëmmen e puer Deeg, ier hien 1980 vun engem Fan virum New Yorker Dakota Building erschoss gouf, huet de Lennon betount, dass d'Lidd praktesch e kommunistesche Manifest wier, obschonns hien net grad e Kommunist wier an och kenger Beweegung ugehéiert.

D'Gedenkplaz "Strawberry Fields" an der Géigend vun der Onglécksplaz, am Agank vum Central Park, erënnert un den John Lennon. Stroossemuseker a Fans sangen do dacks seng Lidder. Et sollt een d'Lidd net ze wiertlech huelen, mä et als Lidd a schwieregen Zäite gesinn, dat Hoffnung op eng besser Welt mécht. Grad dowéinst ass et vun 1971 bis haut nach relevant a populär.