Mat vill Spannung gouf drop gewaart, elo ass den Datum, wéini den neien Album vun der brittescher Sängerin Adele rauskënnt, bekannt.

Op Twitter huet déi 33 Joer al Sängerin e Mëttwoch annoncéiert, dass hiren neien Album den 19. November rauskënnt. Si hätt "endlech" hiert Gefill erëmfonnt, heescht et, a si géif sech esou "harmonesch" fillen, wéi nach ni virdrun an hirem Liewen.

Den neien Album heescht "30". D'Adele géif doran op vill Froen agoen, déi no der Scheedung am Hibléck op hire Bouf gestallt goufen.

Nom leschten Album "25", deen 2015 erauskoum, war d'Adele ënnergetaucht. Si huet ënner anerem wéinst Angschtzoustänn eng Therapie gemaach, vill Sport gedriwwen an doduerch 45 Kilo ofgeholl. Mat deem Album hat d'Adele viru 6 Joer direkt e puer Verkafsrekorder gebrach.