Atlantico - e Festival, wou et drëm geet, dem Public Museker virzestellen, déi aus Länner stamen wou Portugisesch geschwat gëtt: Europa-Afrika-Südamerika.

De Régis Thill war fir eis op de Concert vun der Artistin Luise Sopral.

Atlantico wëll op béide Säite vum Atlantik, besonnesch a fréiere portugisesche Kolonien, wou portugisesch geschwat, geschriwwen a gesonge gëtt. D’Artisten aus deene Länner sinn net onbedéngt bei eis bekannt, ausser bei eise portugisesche Matbierger.

De Public ass dann och gutt gemëscht. Queesch duerch déi Lëtzebuerger Nationalitéitelandschaft mat gefillt engem Drëttel portugisesche Landsleit. All Joer gëtt et international Stare wéi de Gilberto Gil oder d’Marisa, awer och interessant Artiste wéi d’Luisa Sopral, wat scho mol den European Song Contest gewonnen huet.

D’Luisa Sopral huet eng méi déif roueg Stëmm, déi sech gutt eegent fir eng méi intimistesch Musek, déi sech u sensibelen Texter orientéiert. Gläichzäiteg huet d’Luisa eng gutt Portioun Humor. Si léist sech et zum Beispill net huelen fir eng Trompett nozemaachen.