De Museker wäert een deemnächst net méi op Spotify lauschtere kënnen. Dat aus Protest géint de Podcast vum Komiker Joe Rogan, dee Corona verharmlose géing.

Eigentlech lauschtere méi wéi sechs Milliounen Nolauschterer de Mount dem Neil Young seng Musek op Spotify. Deemno kommen och 60 Prozent vu sengem Akommes duerch d'Streamingplattform. Ma elo wëll hie seng Musek do erofhuelen.

Virop hat hie scho mat deem Schrëtt gedreet, am Fall, datt Spotify weider de Podcast vum ëmstriddenen US-Komiker Joe Rogan ubidde géing. De 76 Joer ale Museker wërft dem Joe Rogan vir, Falschinformatiounen iwwert de Coronavirus ze verbreeden. Domat wier d'Plattform fir hien zu "enger Plaz ginn, déi potenziell déidlech Desinformatiounen iwwert de Virus géing verbreeden". A senge Wierder: "Ligen, déi géing Geld verkaf ginn".

Den US-Komiker ass ee vun de beléiftste Podcast-Hosts weltwäit. D'lescht Joer huet hie mat Spotify e Kontrakt vu geschaten 100 Milliounen Dollar ënnerschriwwen. Den als Mixed-Martial-Arts-Kommentator bekannten Entrepreneur schwätzt mat sengem Podcast ee breede Public un. Eng grouss Partie Jonker a Konservativer hale vill op seng Meenung.

Spotify bedauert d'Decisioun vum Neil Young, hofft awer, datt hie geschwënn rëm op der Plattform ze lauschteren wier. E Spriecher vu Spotify betount awer, datt "zanter dem Ufank vun der Pandemie méi wéi 20.000 Podcast-Episoden am Zesummenhang mat Covid geläscht gi wieren".