LuxFilmFest 2022 - Blog 2Eng ganz laa...aang Ouverture

Joy Hoffmann
Den Joy Hoffmann wäert au fur et à mesure, wou hien d'Filmer gesäit, Iech seng Impressioune wärend den nächsten 10 Deeg a sengem Blog vermëttelen.

D’Ouverturesriede vum Festival de leschten Donneschdeg hu geschloen eng ganz Stonn gedauert. All Mënsch ass sech es bewosst, an trotzdeem ginn de Leit zanter Joren ëmmer erëm eelelaang Interventiounen zougemutt. Mee all Politiker a soss Personnagen, déi “wichteg” sinn, menge se missten hire Beitrag leeschten. Dat war och schonn esou op der Pressekonferenz vum Luxfilmfest virun zwou Wochen, wou déi hallef Stonn onsäglech Riede virun der eigentlecher Presentatioun vum Programm an zwee Sätz hätte kënnen zesummegefaasst ginn. Op der Ouverture huet et sech zumindest imposéiert, d’Sträiche vun de russesche Filmer aus dem Programm ze motivéieren, zemol déi ganz kulturell Lëtzebuerger Presse sech zimmlech unanime iwwer dës Decisioun geiergert hat. Dat muss awer net direkt zwee Mol mat quasi den nämmlechten Ausféierunge passéieren. Wat soll dat! Dem President vum Luxfilmfest seng Interventioun war carrement iwwerflësseg. Et war kloer der Kulturministesch hir Missioun, Erklärungen ze liwweren a si huet dat och op eng korrekt Manéier gemaach. Fazit vun den zwou Interventiounen: déi reng politesch Argumenter hunn déi kulturell ausgestach. Fir d’Politik war et méi einfach, bei enger zu Recht opgebrueter Populatioun, mat engem einfache Verbuet géint alles Russesches ze punkten, wéi versichen de Leit ze erklären, firwat et vun engem kulturelle Standpunkt aus falsch a kontraproduktiv ass, besonnesch oppositionell russesch Artisten ze zenséieren. Déi Decisioun werft awer och d’Diskussioun op vun der artistescher Onofhängegkeet vum Festival. Gottseidank huet d’Stater Buergermeeschtesch net alles nach eng drëtte Kéier widderholl, an dee méi programmateschen Deel, wéi d’Presentatioun vun de Juryen, hunn d’Organisateure vum Festival op eng kuerz an effikass Manéier iwwert d’Bün bruecht.

Leider konnt den uschléissende spueneschen Ouverturesfilm OFFICIAL COMPETITION net onbedéngt vill méi Dynamik an den Owend bréngen. Dës Satire op den Hierstellungsprozess vun engem Film, mat enger extravaganter an exzessiv exigenter Realisatrice an dem Hunnekampf tëschent den zwee Haaptacteuren, war zu engem gudden Deel en theatralescht Uneneereie vu Sketcher, déi, och wa se dacks gutt observéiert a mat Momenter wierklech witzeg waren, dach ze repetitiv waren. Matt Ausnam vum Schluss gouf et kaum eng Entwécklung, weder am Narrativ nach bei de Personnagen, an da riskéiert dem Spectateur, d’Zäit laang ze ginn. D’Interpretatioun vun Oscar Martinez, Antonia Banderas a Penelope Cruz (déi allerdéngs net fir dëse Film zu Venedeg den Interpretatiounspräis krut, wéi dat an der Festival Broschür steet, mee fir “Madres Paralelas ") ass allerdéngs remarkabel. Kee Meeschterwierk also, mee e Film, dee sech vum Thema hier an engem gewëssen Ënnerhalungswäert duerchaus als Ouverture vertriede léisst.

Den éischte Film a Competitioun HIT THE ROAD vum Panah Pahani war do vun engem ganz anere Niveau. Dëse Roadmovie, an deem eng Famill an engem SUV duerch herrlech iranesch Landschaften fiert, fir ee vun de Bouwen iwwer eng Grenz an den Exil (?) ze begleeden, ass formal excellent, witzeg, traureg a poetesch zugläich. An dat ass net näischt. An dat kann och duergoen, fir een ze beréieren. Trotzdeem feelt et och hei e bëssen un enger méi staarker Narratioun a villes wierkt och hei anekdotesch a sketschenhaft, wéi de lëschtegen Episod mam Cyclist, et sief dann, et wéilt een all eenzel Episod als e Commentaire zur gesellschaftlecher a politescher Situatioun am Iran interpretéieren. De Realisateur ass ëmmerhin de Bouf vum Jafar Panahi, déi wéinst sengen oppositionelle Filmer ënner Hausarrest steet.

Den éischte Film, bei deem ech awer bis elo d’Seegele gestrach hunn a Mippercher krut, fir an der Déierewelt ze bleiwen, war COW vum Andrea Arnold. Wéi bei den Ouverturesriede war och hei déi lescht Hallschent repetitiv an iwwerflësseg. Dat zerstéiert dann och déi éischter positiv Impressioun vun der éischter Stonn. Ouni an Anthropomorphismus ze falen, hat de Film nämlech eng gelonge Balance gehalen tëschent der Empathie vun de Baueren, mat als Konsequenz, dem Bien-être vun der Kou an der onweigerleche Roll vun der Kou als Notzdéier. Anescht wéi fir d’Kou, wär fir de Spectateur e méi schnellt Enn vill besser gewiescht. An et misst och besser Dokumentarfilmer ze fanne sinn, fir an eng Kompetitioun.

[comment]

LuxFilmFest 2022 - Blog 1

Back to Top
CIM LOGO