LuxFilmFest 2022 - Blog 3Lëtzebuerger Allerlee

Joy Hoffmann
Den Joy Hoffmann wäert au fur et à mesure, wou hien d'Filmer gesäit, Iech seng Impressioune wärend den nächsten 10 Deeg a sengem Blog vermëttelen.
© RTL Grafik (Archivbild)

Am LE CHEMIN DU BONHEUR vum Nicolas Steil geet et ëm ... jo, ëm wat eigentlech? Eng Quizshow iwwert den (haaptsächlech) amerikanesche Kino? Oder/an accessoirement och ëm d’Schicksal vun engem klenge jiddesche Bouf, dee mat engem sougenannten Kindertransport zu Bréissel gelant ass, an deen dann spéider als Proprietär vun engem Delikatessen seng Quizshowen zum Beschte gëtt. Accessoirement, soen ech, well dës Shoah-Geschicht gëtt esou zerhackt, a reng informativen an total emotiounslose Réckblenden, quasi zur Anekdot degradéiert. An de Rescht vum Film, dee sech bal integral am Restaurant ofspillt, huet och kaum eppes mat Kino ze dinn, esou plakativ, plomp, an total oninspiréiert sinn d’Personnagen duergestallt, mol guer net vun der “Mise en scène” ze schwätzen. Als drëtten Erzielstrang, hëlt Libesgeschicht tëschent dem “Quizmaster” Saul, dee seng traumatesch Erfarungen esou wäit iwwerwonnen huet, an enger “mysteriöser” Fra, déi wuel och eng schwéier Vergaangenheet mat sech erëmschleeft, eng zentral Plaz am Film an. Besonnesch hei verléiert esouwuel de Zenario, wéi och d’Mise en scène sech an ausdrockslosen, repetitive Zeenen, mat zum Schluss enger schülerhafter Explikatioun, esou dass a kengem Moment e Minimum vun Atmosphär, Emotioun oder Spannung opkënnt. E Musterbeispill vun der Incapacitéit, säin Thema a seng Intentiounen a Biller auszedrécken.

De Versuch, Trauma a Resilienz emol eng Kéier op méi eng “labber” Manéier ze traitéieren, war sécherlech luewenswäert. Trotz allem éierleche Respekt, deen ech vis à vis vun engem Henri Roanne-Rosenblatt hunn, Auteur vun der Buchvirlag a Co-Zeenarist, mat deem ech eng Zäit am Lecture Kommitee vum Filmfong zesummegeschafft hunn, kann ech leider nëmme soen, dass ech entsat aus dem “Chemin du bonheur” erauskoum. De Filmfong huet mat dësem Film sengem fréieren externe Mataarbechter keen Déngscht geleescht. Et gëtt mëttlerweil zu Lëtzebuerg eng nei Generatioun vu Realisateuren (Christophe Wagner, Govinda van Maele, Laura Schroeder, Max Jacoby, Jacques Molitor etc.), déi zumindest d’Filmsprooch beherrschen, och wann net ëmmer dobäi grouss Filmer erauskommen. Wéi konnt de Filmfong esou e Projet, an där Form ënnerstëtzen, dee wéi aus enger anerer Zäit kënnt? An et gouf och emol Zäiten, wou de Filmfong berechtegterweis gemengt huet, et wär méi virsiichteg a gesond, wann déi artistesch Decisiounen iwwert e 6 Milliounen deiere Film, net all an enger Hand léichen. Hei hält allerdéngs de Nicolas Steil all Zigele quasi eleng an der Hand, direkt zweemol als Produzent an als Realisateur, an hien ass domat voll an d’Mauer gaangen, zesumme mam Filmfong. Schued, och fir all déi aner Projeten, déi doduerch net ënnerstëtzt goufen.

© Ricardo Vaz Palma-Iris Productions

Vun engem ganz aneren Niveau ass do de Lëtzebuerger Dokumentarfilm LOST FLOWERS vum Fabrizio Maltese, deen an der Dokumentarfilm-Kompetitioun gewise gëtt. Hei trauert de Realisateur, matzen am éischte Covid-Lockdown an Italien, zesumme mat sengem Papp ëm den Doud vun der Mamm. De Film ass confinéiert am Appartement vum Papp, befreit, duerch de Covid, vun allen externe Geräischer. Matt engem subjektive Bléck voller Léift vum Bouf op de Papp, versichen se alle béid mam Verloscht vun der Mamm eens ze ginn. Leider muss ech soen, dass trotz aller éierlecher Betraffenheet an Absichte vum Realisateur (béid gesäit een esouguer an Tréinen opgeléist), déi Emotiounen net esou richteg op mech gewierkt hunn. Villäicht sinn ech net sensibel genuch, oder de Realisateur war net capabel mir seng Emotiounen iwwert d’Biller ze vermëttelen. Villäicht ginn ech och ze rational un esou e Film erun, a hu mech ze vill op déi méi konzeptuell Approche agelooss, mat där de Realisateur de Verloscht versicht ze dokumentéieren.

An der Schwäiz-Lëtzebuerger Koproduktioun vun Amor Fou UNE HISTOIRE PROVISOIRE vum Roned Wyder, cohabitéieren an engem Appartement e Publicitéitsagent an eng jonk, voiléiert Iranerin, déi allebéid an enger Partnerkriis stiechen. Trotz alle kulturelle Barrièren, kommen se sech lues a lues méi no, an déi kuerzzäiteg Presenz vun enger extravaganter amerikanescher Touristin lackert déi dach gespaanten Atmosphär op. De Charisma vun den zwou Haaptactricë Pooneh Hajimohammadi an Elisabet Johannesdottir, déi mech iergendwéi bei der Staang gehalen hunn, konnte mech leider net ganz déi dënn inhaltlech Substanz vum Film vergiessen dinn.

Dat erfreelechst bis elo vu Lëtzebuerger Säit, war de KUERZFILMOWEND, wou d’Organisateure vum Festival, fir déi éischte Kéier konnten eng richteg Selektioun maachen, tëschent méi wéi 20 produzéierte Filmer. De Niveau war dann och onvergläichlech héich, par Rapport zu deenen Editioune virdrun. Gottseidank muss hei keen e Palmarès opstellen, well dat dierft schwéier sinn, zemol wou quasi all Filmgenre (ausser der Science Fiction) hei bedéngt goufen. Wichteg ass ze gesinn, dass endlech all Amateurhaftes an alle Beräicher (Realisatioun, Zenario an Interpretatioun), dat soss nach streckeweis vill Filmer behaft hat, verschwonnen ass. Wat d’Interpretatioun ubelaangt, esou si vill excellent nei Gesiichter opgedaucht, a vun deene scho bekannten, konnte besonnesch d’Magaly Texeira an d’Elisabet Johannesdottir iwwerzeegen. Bei de Männer ass allerdéngs nach e bësse Loft no uewen. Net alles Positives wat ech hei ervirgestrach hunn, trëfft allerdéngs ganz op déi zwee lescht Filmer am Programm, a besonnesch op “Kowalski” vum Milly Schlesser zou. Trotzdeem, wann ech dës Filmer zesumme mat 3-4 anere wierklech excellente Kuerzfilmer aus dem leschte Filmpräis, notamment dem “Touch me” vum Eileen Byrne, gesinn (vun deenen allerdéngs keen de Präis krut !!), da misst an de nächste Joren endlech e wierklech iwwerzeegende Lëtzebuerger Fiktiounsfilm dobäi erauskommen... wann de Filmfong sech dann op reng qualitativ Krittäre fir seng Decisioune besënnt.

LuxFilmFest 2022 - Blog 1
LuxFilmFest 2022 - Blog 2

Back to Top
CIM LOGO