Scho fir d'16. Kéier ass dëst Joer och Lëtzebuerg mat engem Pavillon zu Venedeg vertrueden – d’Kënschtlerin, déi derhannert stécht ass d’Molerin Tina Gillen. Am Mudam, deen dëst Joer d’Koordinatioun vum Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg iwwerhëlt, gouf de Projet dës Woch der Press virgestallt.
D‘Kënschtlerin Tina Gillen lieft a schafft zu Bréissel, stellt awer weltwäit hir Konscht aus. Hir Konscht ass fest an der Traditioun vun der Molerei verankert, ma si geet och gären iwwer deen traditionelle Kader vun der Toile eraus. Sou och fir hiert Wierk “Faraway So Close” – eng Installatioun zesummegesat aus 8 groussformatege Molereien an engem skulpturalen Element, déi si speziell fir de Lëtzebuerger Pavillon konzipéiert huet.
Mat “Faraway So close” riicht d‘Tina Gillen de Bléck op de Mënsch a seng Konfrontatioun mat sengem Ëmfeld, a reflektéiert déi villfälteg Bezéiungen tëschent dem Banneliewen an der Baussewelt. Dass Lëtzebuerg mam Tina Gillen elo scho fir d‘16. Kéier op der Biennale vu Venedeg vertrueden ass, ass natierlech vu grousser Bedeitung fir déi Lëtzebuerger Kulturzeen sou, d‘Kulturministesch Sam Tanson.
De fäerdege Projet ass vum 23. Abrëll bis de 27. November am groussen Arsenal vun der Biennale zu Venedeg ze gesinn.