Um Radio gi seng Lidder erop an erof gespillt. E Freideg konnt een den Nico Santos dann och live op sengem éischte Concert zu Lëtzebuerg gesinn.

Seng Lidder si méi wéi 400 Millioune Mol gestreamt ginn, Gold- a Platin-Auszeechnungen huet hie kritt an ass gär gesinn an däitschen Tëlees-Emissiounen: den Nico Santos. Den 29 Joer jonke Sänger, deen eigentlech Nico Wellenbrink heescht, ass zanter dem 14. Mee op senger grousser Summer-Tour, a Lëtzebuerg war direkt déi zweet Statioun vun där Rees. Ma och privat war hien nach ni am Grand-Duché, obschonn hien e Lien zum Land huet, wéi hien eis virum Concert erzielt. “Kleiner Fun Fact: meine Oma hat über 25 Jahre in Luxemburg gelebt, in Esch-sur-Alzette. Sie hat ihre ganze Schulzeit, ihre Studiumzeit hier verbracht. Deswegen freue ich mich so sehr, weil für mich war das immer so 'irgendwie habe ich da Wurzeln, aber ich war selber noch nie da'. Es ist irgendwie schön, ein befreiendes Gefühl endlich hier zu sein.“

Vu Mee bis September wäerten den Nico Santos a seng Ekipp ënnerwee sinn. Méi wéi 30 Concerte stinn um Programm. Dat wier natierlech ustrengend, mee d'Virfreed géing iwwerweien, esou den Nico Santos: "Nach dieser krassen Durststrecke – wir haben jetzt zwei Jahre lang kaum auf der Bühne sein dürfen – das war für die Band und die Crew eine harte Zeit und deswegen freuen wir uns umso mehr jetzt diesen Sommer richtig durchzustarten und alles mitzunehmen."

An den Nico huet och eppes am Gepäck fir seng Fans: een neit Lidd, wat nach net verëffentlecht ass. Op senger Tour kritt de Public et eng éischte Kéier ze héieren. D'Lidd op der Bün ze testen, wier deen opreegendste Moment fir hien, erzielt de jonke Museker. Virun allem wann een Deel dra wier, wou d’Leit mat sange sollen.

Esou huet hie viru puer Joer och de Song "Rooftop" virum Publikum getest. An et ass een Hit ginn. Mat deem Stéck ass him 2017 definitiv den Duerchbroch gelongen. "Dieser Song hat mein Leben verändert und gemacht, dass ich jetzt auf solchen Bühnen stehen darf. Wenn ich den auf der Bühne spiele, ist es immer wieder schön. Du musst quasi nicht mit singen. Ich hab' dann drei Minuten Zeit, wo ich ein bisschen entspannen kann", erzielt den Nico mat engem Laachen.

No der Summer-Tour soll Enn des Joers en neien Album eraus kommen. An och déi nächst Tour steet da virun der Dier, déi Kéier dann duerch Arenaen.