Um Sonnden a Päischtméinden treffen 42 Kënschtler aus der Groussregioun zu Veianen openeen, an déi ganz Stad hëlleft mat.

De KonschTour gëtt zanter 2013 all Joer organiséiert a bitt de Visiteuren engersäits d'Méiglechkeet, an d'Ateliere vun de lokale Kënschtler eranzeluussen. Vue dass an der Tëschenzäit awer och ëmmer méi Kënschtler aus dem Ausland ureesen, fir Deel vum Happening ze sinn, ass och de Rescht vun der Stad aktiv bedeelegt. Sou bidde lokal Betriber an d'Gemeng hir Raimlechkeete fir auslännesch Kënschtler un.

Am Ganze kann een dëst Joer 21 verschidde Plazen entdecken an dat, souwuel zu Veianen wéi och an der Ëmgéigend. Och zu Stolzebuerg, Bivels an Roth-an-der-Our dréit sech dëse Sonnden a Méinden nämlech alles ëm Konscht. Den Depart vum Tour mécht d'Veianer Konschtgallerie. Vun do aus kann een da per Navette um KonschTour Deel huelen oder sech, equipéiert mat der Info-Kaart, déi via QR-Code disponibel ass, op de Wee maachen.

"De Planning vun dëser Editioun huet eis virun allem virun Ae gefouert wéi vill méi Potential nach am Kënschtlerstiedche Veiane stécht", heescht et am de Communiqué vum KonschTour Veianen.

Mat dobäi sinn ënner anerem den hollännesche Kënschtler an Illustrator Zahree Veerman, de Fotograf Pit Reding, d'Kënschtlerin Sabine Enders, d'Molerin Rose Antony an d'Marie-Josée Kerschen, d'Präsidentin vun der ViArt asbl.

"Als Präsidentin muss ech feststellen, dass obschonns et déi 9.Editioun ass, d'Organisatioun vum KonschTour nach ëmmer keng Routine ginn ass ", esou d'Marie-Josée Kerschen. "Ganz am Géigendeel. Et ass komplex ëmmer rëm mat neie Kënschtler an neie Lokaler ze schaffen an et ass och all Joer e méi laangen Tour, mat méi Partner an fir eis Ekipp eng grouss Erausfuerderung."

Niewent den Ausstellunge gëtt et och dëst Joer erëm eppes ze lauschteren. D'Kammerata Luxembourg spillt 8 kleng Concerten iwwer déi zwee Deeg. Dës ginn am Stonnentakt an der Kierch St-Nicolas ofgehalen. Obschonns dës Editioun nach net ëm ass, huet ee sech och scho Gedanke fir d'nächst Joer gemaach. Do feiert de KonschTour nämlech säin 10.Jubiläum.

Méi Informatiounen zum KonschTour vun dësem an de virege Joere fënnt een op hirem Site.