De passionéierte Museker souz vu Kand u wéinst enger MS-Erkrankung am Rollstull.

Den Albert Nerini ass den 11. November 1957 zu Diddeleng op d'Welt komm an huet vu klengem un u Muskelschwächt gelidden. Dëst huet de passionéierte Museker awer net dovunner ofgehalen, fir säin Dram ze suivéieren an als Schlagersänger opzetrieden.

En Interview mam Albert Nerini aus dem Joer 2018

Rezent war hien u Corona erkrankt a krut dobäi och nach eng Longenentzündung. Wéi et aus Familljekreesser heescht, hätt den Albert Nerini bis zum Schluss géint dës duebel Infektioun gekämpft, leider war hien awer duerch de Corona ze vill geschwächt. Esou ass de Museker, deen a sengem Liewen ëmmer alles positiv gesinn huet, an der Nuecht op de 15. Juli um 3.20 Auer gestuerwen.