Expo "COLLECT10NS" fir d'10 Joer vum Musée Dräi Eechelen
E bëssi verstoppt hannert dem Mudam ass e schonn, de Musée Dräi Eechelen, deen d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg erzielt.
Dëser Deeg feiert e säin 10. Gebuertsdag a weist dofir eng Expo mat exklusive Piècen, déi alleguerten eng ganz eege Geschicht erzielen.
300 Joer steet de Fort Thüngen schonn hei. 1732 gouf e vun de Éisträicher gebaut, spéider vun de Preisen iwwerholl a war dono laang eng Ruin an engem Park. Et war en haarde Wee, bis de Musée seng Dieren 2012 konnt opmaachen. Et war ee sech laang net eens ginn, wat doraus sollt ginn. 15 Joer laang gouf restauréiert an amenagéiert, bis dass 2009 eng Muséographie gemaach gouf.
An dat sinn och net déi eenzeg Challengen, déi de Fort an de Musée begéint hunn.
François Reinert, Delegéierte Conservatoire Musée Dräi Eechelen:
“Déi Plaz hei ass schwiereg vum Accès hier, de MUDAM fënnt een eigentlech nach eenegermoossen, hei hannendru mussen d’Leit de Wee fir d’éischt erëmfannen. Den ursprénglechen Accès war jo vun der Stad aus, vum Pafendall an deen ass e bësse vergiess ginn, mee och dee kënnt an leschter Zäit vill méi op, iwwert de Vaubans Wee.”
Zënter 10 Joer ass de Musée Dräi Eechelen elo op an hat 2017 schonn héije Besuch mat der Herzogin Kate. Fir de ronnen Anniversaire ze feieren, huet e sech ganz rosa als “forterose” erausgefiizt mat enger réimescher 10. A mat enger neier temporärer Ausstellung mat 75 verschiddenen Objeten. Fir un déi ze kommen, muss ee schonn Detektiv spillen, fir Saachen ze fannen, déi eng direkt Relatioun mat der Festung Lëtzebuerg hunn.
“Vill Objete sinn, wa mir se kafen, relativ anonym. Et weess een oft och guer net, wien duergestallt ass oder wien den Artist ass an et fënnt een dat eréischt eraus am Kader vun der Recherche, also am Fong eng duebel Detektivaarbecht.”
Portraite vu bekannte Perséinlechkeete vum Louis XIV, iwwer de Wëllem den Zweete bis bei den Adam Sigmund von Thüngen, deen dem Fort den Numm ginn huet, awer och Konschtwierker, Vuen an Objeten aus der Festungszäit oder original Dokumenter.
All hu se vrun allem en historesche Wäert, och wann eng Pièce erausstécht.
“Wann een awer elo eppes kéint verkafen, de Staat kann jo awer näischt verkafen, dat ass alles Propriété inaliénable, dat heescht: eng Kéier Staatsbesëtz ëmmer Staatsbesëtz, da wär et een Tableau vum Charles Le Téméraire.”
Dësen Tableau ass viru 6 Méint kaaft ginn a staamt aus dem 16te Joerhonnert. D’Entrée an de Musée Dräi Eechelen ass iwwregens gratis.