"Synästhesia" heescht e "faarwege" Concert, deen den Jazz-Trio Reis-Demuth-Wiltgen mam Filmkënschtler Emile V. Schlesser fir Esch 2022 entwéckelt huet.

Wéi aus Téin Faarwen a Forme ginn, dat kann een dëse Weekend zu Diddeleng op der Schmelz live erliewen.

Den neurologesche Phenomeen vun der Synästhésie verstréckt Sënner mateneen, déi eigentlech net solle matenee verstréckt sinn. Synästhete wéi den Emile Schlesser gesi virun hiren Ae Formen, Mouvementer, Biller a Faarwen, wa se Musek héieren. Mat 15 Joer ass dem Emile Schlesser dësen neurologesche Phenomeen bewosst ginn. Fir Reis-Demuth-Wiltgen huet hien an der Vergaangenheet schonn d'Videoe realiséiert an d'Iddi vun der Zesummenaarbecht fir esou en eenzegaartege Projet war séier do. Fir den agespillten Jazz-Trio eng komplett nei Erfarung.

De Publikum taucht an eng besonnesch Welt an. De Setting ass méi wéi just e Concertssall, et ass eng Installatioun. Et steet ee matten am Sall - déi eng Säit eng grouss Spigelwand an déi aner Säit d'Bün, op där hannert engem duerchsiichtegen Ecran d'Museker sëtzen: de Michel Reis um Piano, de Marc Demuth um Kontrabass an de Paul Wiltgen op der Batterie. An als véierten den Emile Schlesser hannert dem Computer.

Fir den Trio Reis-Demuth-Wiltgen ass dëse gemeinsame Projet och eng grouss Erausfuerderung. Fir dës nei Erfarung hu sech d'Museker dann och decidéiert, nei Kompositiounen ze realiséieren. Toun a Faarwen a Biller a Beweegungen - en absolut sënnlecht Erliefnes, dat engem och d'Welt vun engem Synästhetiker méi no bréngt.

D'Musek emol anescht erliewen -  fir e Synästhetiker normal, fir eis aner eng Entdeckung. De Programm dauert ongeféier 1 Stonn an et sinn all Kéier 3 Virstellungen e Freideg, Samschdeg a Sonndeg.