Am Kader vum 200. Gebuertsdag vum César Frank, wäert de Maurice Clément d'Wierker vum franséische Museker op verschiddenen Uergelen uechter d'Land spillen.

Dëst vum 9. bis den 11. Dezember. Den Haapt-Organist vun der Philharmonie a vun Dikrech wäert Freides zu Diddeleng, Samschdes an der Kathedral a Sonndes zu Dikrech spillen.