E Sonndeg de Mëtteg koum d'Nouvelle, datt d'Sängerin a Grammy-Laureatin un de Suitte vu Kriibs gestuerwen ass.

Bekannt gouf d'Anita Pointer zesumme mat hire Schwësteren June, Ruth a Bonnie. Hiren Numm: "Pointer Sisters". Si haten Hits wéi "Jump" oder "I’m so Excited". 1973 hu si hiren éischten Album erausbruecht. 3 Grammye konnt d'Anita Pointer gewannen. Am Ganze ware si zu véier Schwësteren. D'Ruth Pointer ass déi eenzeg, déi nach lieft. Si trëtt haut nach mat anere Memberen als "Pointer Sisters" op.

D'Anita ass am Alter vu 74 Joer un de Suite vu Kriibs gestuerwen. Si wier déi gewiescht, déi fir den Zesummenhalt an der Grupp gesuergt hätt.