Eng Rees duerch d'Weltgeschicht vun 1918 bis 1936 duerch d'Aen vum Andrée Mayrisch, och Schnouky genannt.

Aline Mayrisch oder Émile Mayrisch. Zwee Nimm, déi jiddereen am Grand-Duché op d'mannst schonn eng Kéier héieren huet. Manner bekannt wäert deene meeschten awer den Numm Andrée Mayrisch sinn, d'Duechter vun der berüümte lëtzebuergescher Koppel. An hirem Theaterstéck Schnouky bréngen de Charles Meder an de Marc Limpach dës faszinant Figur aus der Lëtzebuerger Geschicht an de Virdergrond.

2022 haten de Charles Meder an de Marc Limpach d'Theater Stéck "Schnouky" fir d’éischte Kéier am Kasemattentheater opgefouert.

Eng intim Rees duerch d'Weltgeschicht vun 1918 bis 1936, déi sech op d'Bréiwer vun der Andrée Mayrisch hirer Mamm, Aline Mayrisch, baséiert.

Am Zentrum vum Stéck steet virun allem d'politesch an ideologescht Engagement vun der Andrée Mayrisch, och Schnouky genannt.

Interpretéiert gëtt d'Schnouky vum Eugénie Anselin, déi de Publikum duerch déi verschidden Epochen a Liewensphase vum Schnouky begleet.

D'Stéck gëtt nach den 12. an 13. Januar am CAPE zu Ettelbréck an de 26. Januar op der Schmelz zu Diddeleng opgefouert. Wie sech nach weider mam Liewe vum Andrée Mayrisch beschäftege wëll, fënnt am Buch «Lettre à sa mère» iwwer 290 Bréiwer, vun 1918 bis 1946.