Zanter méi wéi 25 Joer verbënnt den Domaine Claude Bentz, deen haut a véierter Generatioun vun der Carole Bentz geleet gëtt, Konscht a Wäin op eng eenzegaarteg Manéier. Eemol am Joer gëtt eng Ausstellung organiséiert, déi béid Handwierker zesummebrénge soll. De kommende Weekend kritt een dann d’Skulpture vun dräi Kënschtlerinnen ze gesinn, déi och op der Biennale De Mains de Maîtres vertruede waren, d’Marie De Decker, d’Megha Goenka an d’Pascale Seil.
D’Editioun vun dësem Joer steet ënnert dem Titel “Ierwen an Iwwermëttlung”. Et ass en Zesummentreffen tëschent véier Fraen, déi versichen, hir Aarbechten an der Zäit ze verankeren an d’Konzept vum Ierwen op eng zäitgenëssesch Aart iwwerschaffen.
Ausserdeem gouf sech fir dës Editioun vu Wine Meets Art eppes ganz Neies ausgeduecht, e sougenannten Accord “Ouevre & Vin”. D’Wënzerin Carole Bentz huet vun all Kënschtlerin ee Wierk erausgesicht, dat ausgestallt gëtt a passend dozou e Wäin oder Cremant ausgewielt, deen een dann och wärend der Ausstellung schmaache kann. Esou soll een de Lien tëschent Wäibau a Konschthandwierk op eng eenzegaarteg Manéier erliewe kënnen.
De Vernissage fir d’Ausstellung Wine Meets Art ass de 17. Abrëll vun 18.30 bis 21 Auer an den 18. a 19. Abrëll kann ee fräi tëschent 14 an 18 Auer laanscht goen.