
D’Véiertgewielt op der CSV-Lëscht iwwerhëlt domat d’Successioun vum Michel Wolter, well déi 3 aner potentiell Kandidaten op hir kommunalpolitesch Mandater renoncéieren. D’Récktrëtts-Decisioun huet de Michel Wolter ewell virun de Wale geholl.
Am Interim iwwerhëlt den aktuelle Schäffe Frank Pirrotte de Buergermeeschterposte fir déi nächst Wochen, bis datt d’Nadine Braconnier vum Gemengerot als nei Buergermeeschtesch designéiert gouf an de Grand-Duc dës Decisioun aktéiert huet - dat wäert Mëtt Mee sinn. Virdru muss d’Madamm Braconnier nach als Conseillère vereedegt ginn.
De Frank Pirrotte gëtt iwwerdeem den 1. Oktober d’nächst Joer no bal 4 Joerzéngte Käerjenger Lokalpolitik säi Schäffen- a Conseillers-Posten of. D’CSV huet mat 8 vu 15 Sëtz d’absolutt Majoritéit zu Käerjeng an ass mat der LSAP an enger Koalitioun.
Wéi Ugangs Dezember bekannt gouf, datt de Michel Wolter säi lokalpolitesche Poste géif fir seng Fra raumen, waren d’Reaktiounen an de sozialen Medien deels virulent an ënnert dem Rimm, wouropshin d’Nadine Braconnier sech gewënscht huet, datt si déi nächst Jore soll op hir Aarbecht bewäert ginn an net op Geschlecht, Ausgesinn oder Familljesituatioun.
Mam 63 Joer alen Michel Wolter verléisst ee vun de bekanntsten Politiker d’kommunalpolitesch Bün iwwerdeem hie weider Süd-Deputéierten um Krautmaart bleift an och do Vize-President vun der Chamber ass. Um Donneschdeg ass den Ex-CSV-Minister an demissionäre Buergermeeschter Live-Invité vun der RTL-Redaktioun – de Rendez-vous ass wéi gewinnt um 8 Auer um Donneschdeg de Moien.