D'Band Saxtitude bréngt Jazz, Popsongs, eege Kreatiounen an d'Philharmonie.

Vun engem klenge Concert op engem Maart hei zu Lëtzebuerg bis zu engem Jazz-Festival op engem anere Kontinent. D’Saxophoniste vum Quartett SAXITUDE hu schonn esou zimmlech iwwerall gespillt. Elo sti se fir d’éischte Kéier an der Philharmonie op der Bün. De Pit Pixius war bei se an de Proufsall an huet sech ugekuckt, wéi sech d’Band preparéiert.
2004 ass Saxitude gegrënnt ginn. Duerch hir Opstellung vun zwee Alt-Saxophonen, engem Tenor an engem Bariton si se flexibel a kënnen all Stil vu Musek spillen. Hire Repertoire ass wäit gestreet. Bal véier Stonne Programm kennen se auswenneg. D’Selektioun fir de Concert an der Philharmonie ass un de Public ugepasst.

Mer hunn eng Rei eege Kompositiounen dobäi, mer hu Coveren dobäi, mer maache Popmusek, mer hunn Jazz-Standarden dobäi. Mer hu souguer Lëtzebuergesch Vollekslidder, déi mer natierlech an eisem Stil an an eisem Sound maachen. Et ass wierklech déi ganz Bandbreet, wéi ech ëmmer soen: Et ass kee Stil virun eis sécher, esou de Saxophonist Robi Arend.

D'Quartett huet an de bal 20 Joer, an deenen et d’Formatioun gëtt, méi wéi 1.000 Concerten op der ganzer Welt ginn. Se si bekannt dofir, hir Spectateure mat hirer onendlecher Energie op der Bün ze verzauberen. Et ass der Band wichteg mam Public ze spillen a se loosse sech och net duerch e méi klassesche Milieu bremsen.

On préfère casser cette vitre qu’il y a parfois entre les spectateurs et ceux qui sont sur scène. On aime bien aller au contact des gens mëme si c’est un véritable concert. C’est un coup sûr, on va aller chercher le rapport avec le public, esou den anere Saxophonist Pierre Cocq-Aman.

Déi véier Membere Robi Arend, Gregory Nei, Pierre Cocq-Aman an Dominique Gatto wäerten awer net an der gewinnter Formatioun optrieden. Fir de Programm "The very best of Saxitude" hu sech eppes Besonnesches afale gelooss.
Fir d’Philharmonie si mer net nëmmen zu véier Saxophonisten, mee mer hunn och e Batteur dobäi geholl a mer hunn och nach en anere "Special Guest". Nach e Saxophonist, deen eis wäert begleede bei 2 bis 3 Stécker, seet de Gregory Ney, och Saxophonist.

Den Numm vum Special Guest ass awer net verrode ginn. Dëse Samschden ass also Rendez-vous an der Philharmonie fir all déi, déi erausfanne wëllen, wien als Gaascht mat dobäi ass an en eenzegaartege Concert voller Energie a Kreativitéit erliewe wëllen.